Musek & Kanneranimatioun

Dëst Joer erwaart Iech een immens villfälltege Programm wann et ëm d’Musek an d’Kanneranimatioun geet.

Museksgruppen ewéi De Läb, Hunneg-Strëpp, Opus78, Cool Feet an nach vill méi stinn de ganzen Dag iwwer op de Büne vum Kropemannsfest.

D’Kanner kommen natierlech och net ze knapps. Mat Zirkus-Atelieren, Facepainting an Trampolin bis hin zu engem Graffiti-Workshop ass alles derbäi.

Dëst Joer nei: 2 Busser bréngen Iech vun den Dierfer aus der Ëmgéigend op d‘Kropemannsfest.

E Parking fannt Dir zu Réiden an der Nojemerstrooss, beim Cactus a beim Atert Lycée. Vun do aus bréngen Iech Navette bis bei d’Haaptentréeë vum Kropemannsfest.

De leschte Retour vun de Busser an den Navetten ass um 20h00.

Parking, Busser & Navetten

Kropemannsfest

Kropemannsfest