
Stroosseplang
-
Dëst Joer fannt dir nees vill flott Aussteller um Kropemannsfest.
Info: Verschidden Aussteller sinn op eegene Wonsch hei net opgelëscht.
-
D’Kroun an der Pensioun
Um 10h00 am Worré-Park mat fräiem Entrée, gratis Kaffi a Croissant. Mat musikalescher Begréissung vu RED-SAX.
-
Museksgruppen ewéi Zero Point Five, Hunneg-Strëpp, Kontrollverlust an nach vill méi stinn de ganzen Dag iwwer op de Bünen oder ginn duerch d'Stroosse vum Kropemannsfest.
-
D’Kanner kommen natierlech och net ze knapps. Mat Zirkus-Atelieren, Facepainting a Kiermesbuden bis hin zu engem Graffiti-Workshop ass alles derbäi.
-
D'Veräiner aus der Réidener Gemeng suergen dofir, dass keen hongereg oder duuschtereg heem geet.
-
4 Busser bréngen iech vun den Dierfer aus der Ëmgéigend op d‘Kropemannsfest (Busplang).
Parking:
an der Nojemerstrooss,
beim Cactus a
beim Atert Lycée.
Vun do aus bréngen Iech Navette bis bei d’Haaptentréeë vum d’Kropemannsfest.
De leschte Retour vun de Busser an den Navetten ass um 19h30.