Theater

Um 10 Auer Polit-Satire am Worré-Park | Fräien Entrée, gratis Kaffi a Croissant,  musikalesch Begréissung mat RED-SAX.

Monique Kuffer (Autorin a Co-Regisseurin)

Kropemannsfst-Theater-MoniqueKuffer

Vu mir aus mol fir d’alleréischt e grousse Merci u mäi Virgänger de  Jeannot Nehrenhausen mat deem ech op kee Fall kann a wëll konkurréieren.  Hien hat di flott Iddi all Joer als Ouverture vum Kropemannsfest Theater ze spillen an dës flott Traditioun, déi all Joer Honnerte vu Leit schonn um 10 Auer an de Worré-Park zitt, soll bäibehal ginn. Dofir hunn ech mech dru getraut eppes op Pabeier ze bréngen, nodeems de Jeannot no 10 Joer seng wuelverdéngte Pensioun geholl huet.

Eisen „Theater“ war ëmmer eng Polit-Komedie an dat ass och dëst Joer de Fall. Wéi all Joer komme vill  Politiker an den Asaz, aus der lokaler, kantonaler an nationaler Politik, déi op eng ironesch Aart a Weis, ënner sech stëppelen a streiden.

Villmools Merci der Madame Lucie Schneider-Hengen, si ënnerstëtzt mech bei der Regie. Merci allen Acteure fir di gutt a flott Prouwen! Merci eise Gemengenaarbechter fir déi flott Kuliss.

Mir all freeën eis op Iech!

Et spillen:

Aus dem Réidener Gemengerot: Henri Gerekens, Danielle Simon-Arendt, Jeff Lisarelli, Luc Pauly, Romain Reding, Monique Kuffer, Yves Wantz als Tom Faber

Buergermeeschter, Schäffen a Gemengeconseilleren aus dem Kanton: Thierry Lagoda, Heng Rasqué, Marc Gergen, Christiane Thommes, Patrick Wampach, Raoul Schaaf, Leon Lutgen, Christiane Pauly , Danielle Filbig

Aus der Regierung a Chamber : Martine Hansen, Fernand Etgen, Taina Bofferding, Djuna Bernard, Sven Clement

Ausserdeem : Raoul Roos (RTL), Muriel Nourissier, Nora Seil an Dany Oestreicher (Kropemann)

Kanner: Emmy Seil, Kim Simon, Megan Pauly, Lou Glesener, Yvi a Lee Kreins, Maëlle Couturier, Leyla Wirth an Emma Beidler

Déi Jonk vum Jugendtreff sangen als Ofschloss vum Theater en neit Kropemannslidd (Text: Monique Kuffer an Zesummenaarbecht mam Réidener Jugendtreff, Melodie RJT)