D’Kroun an der Pensioun
Um 10 Auer am Worré-Park | Fräien Entrée, gratis Kaffi a Croissant, musikalesch Begréissung mat RED-SAX (9:30-10:00)
Et huet eng Zäit gedauert bis ech meng verréckt Gedanken a Geschichten eng éischte Kéier op Pabeier bruecht hunn, ee „Verspriechen“ un d´Chorale vu Réiden, wou ech viru 40 Joer eng éischte Kéier op der Bün stoung, deemools ënner der Regie vun eisem Papp dem Pierre.
2010 hunn ech fir d’éischt an der Revue mat gespillt, 2011 een éischte Sketch fir d’Revue geschriwwen an dunn hat ech Blutt geleckt. 2013 konnt ech d’Hallschent vun den Texter fir d’Revue schreiwen an duerno koum eng laang Kooperatioun mam Hoppen Théid (Marc Schmit), deem seng Texter ech bis zum Schluss geschriwwen hunn.
2015 war et esouwäit. Fir den neien Theaterveräi vun Ierpeldeng hunn ech mäin éischt Theaterstéck geschriwwen «Lourdes oder Päischtcroisière» an duerno nach 3 weider Stécker. Endlech hat ech mäi «Verspriechen», dann och ëmgesat, wann och net zu Réiden. Dofir sinn ech ëm esou méi frou, dass ech mäin éischt Fräiliicht-Stéck fir mäin Heemechtsduerf konnt schreiwen.
D’Lat loung héich, wëll de Kropemanns- Theater ass eng Institutioun a gehéiert zum Kropemanns-Fest, wéi de Grand-Duc zum Lëtzebuerger Land. A propos Grand-Duc: Deen trëtt jo elo ganz geschwënn zeréck an iwwerléisst dem Guillaume den Troun. «D’Kroun an der Pensioun» ass dofir den Titel vum Stéck, vun deem ech elo net ze vill hei verrode wëll. Ech wënschen Iech elo scho vill Freed derbäi.
Merci der Kropemanns asbl. fir d´Vertrauen, dem Lucie an dem Monique fir d´Regie an allen Actricen an Acteuren, besonnesch de Politiker, dass si de Spaass matmaachen. Mir gesinn eis un der Atert, no beim Waasser.
Frank Kuffer (Autor)
Mir prouwe just 1 Mount a sinn eigentlech ni komplett besat, an awer, et ass immens flott an de Prouwen a jiddereen gëtt säi Bescht. Mat eisem flotten neie Stéck kritt dir ganz vill ze laachen!
Dofir kommt all um 10 Auer an de Worrés-Park, mir offréieren iech Kaffi a Croissant an och den Entrée ass wéi ëmmer gratis. Den Ensembel vu Red Sax suergt fir gutt Ambiance vun 9 Auer 30 bis 10 Auer. Mir soe villmools Merci allen Acteuren an Actricen, déi sech dëst Joer bereet erkläert hunn am Theater matzespillen. Merci Frank , Merci jidderengem deen an iergendenger Form zum gelénge bäigedroen huet.
Lucie Schneider & Monique Kuffer (Regie)
Et spillen:
Gemeng Réiden: Danielle Simon, Henri Gerekens, Jeff Lisarelli, Luc Pauly, Monique Kuffer, Muriel Nourissier, Romain Reding
Aus anere Gemengen: Bob Steichen, Henri Rasqué, Patrick Wampach
Aus der Regierung a Chamber : Ben Polidori, Charel Weiler, Djuna Bernard, Jeff Boonen, Liz Braz, Luc Emering, Martine Hansen
Ausserdeem : Carole Spinelli, Charel Goedert, Dany Oestreicher, Frank Kuffer, Frank Leonardy, Jeff Kohnen, Jeff Muller, Nora Seil, Yves Wantz
Kanner: Emmy Seil, Kim Simon, Lee Kreins, Leyla Wirth, Maëlle Couturier, Megan Pauly, Yvi Kreins